Wuerzelpad

 

Wisou de Numm „Wuerzelpad“?

Déi Äntwert, déi mer bei dëser Fro direkt kennt: well ech e grousse Fan vu Wuerzelweeër sinn. Wann ech duerch de Bësch ginn, ganz ouni ze wëssen, wouhin ech iwwerhaapt ginn, sinn et ni déi breet an däitlech Weeër, déi mech unzéien, mee eben déi, déi sech geheimnisvoll tëschent Beem, Hecken a Gestrëpps duerchschlängelen. Jee méi verwuess, desto besser. Duerch des Virléift verlafen ech mech awer och ëmmer mol nees gäre, well hannert deem engen interessanten, abenteuerleche Padwaart meeschtens schonn deen nächsten, asw. bis ech iergendwann absolut keng Orientatioun méi hunn. A genau dat, mëscht fir mech en Ausfluch an d’Natur esou wäertvoll: sech leeden ze loossen, dohi wou et ee grad hinzitt, sech esou nees méi verbonne mat der Natur ze spieren, ouni e konkret Zil, mam Risiko sech och mol ze verléieren,  mee och mat engem gewëssene Vertrauen a sech selwer (an e puer Orientéierungshëllefen am Kuerf, wa guer näischt méi geet). D’Resultat dovun si meeschtens wonnerschéin Naturplatzen, onerwaarte Begéinungen an e fräie Kapp.

Donieft soll de Numm „Wuerzelpad“ awer och fir Entwécklung stoen, also déi ganz individuell a perséinlech Entwécklung déi een duerch en Naturcoaching erliewe kann. Vu dass et an engem Naturcoaching drëm geet, sech seng ënnerlech Theme méi genau unzekucken an sech fir seng domat verbonnen Emotiounen opzemaachen, bréngt en Naturcoaching och ëmmer eng gewësse Wandlung, déi an engem selwer stattfënnt, mat sech. Gären ignoréiere mer wat an eis selwer firgeet, mir hu keng Zäit fir eis méi genau domat ze befaassen, well mer aner Saachen fir méi wichteg fannen. Liewen einfach domat weider, well esou schlëmm ass et jo awer net.  Vläicht mëscht et eis och Angscht, fir mol méi genau drop ze kucken, well een ni weess, wat alles wierklech nach mat drun hänkt (Léiwer d’Béchs vun der Pandora guer net opmaachen). Oder mir hunn den Zougang zu eisem Banneschten einfach verluer oder ni geléiert sech selwer nozelauschteren. Et gi vill Grënn d’Aen zouzeloossen. Mee weem seng mental Gesondheet um Häerz läit, sollt reegelméisseg an sech eralauschteren an seng eege Weeër zum perséinleche Wuelbefanne fannen.

Am „Wuerzelpad“ stécht och nach d’Wuert „Wuerzel“ an dat ass e weidere Grond wisou de Numm „Wuerzelpad“: Denke mer zum Beispill un d’Wuerzele vun engem Bam, gëtt eis schnell kloer, wisou Wuerzelen sou wichteg sinn: Si ginn dem Bam Stabilitéit, och bei gréissere Stierm, si ernären en awer och an droen sou domat bei, him en Deel vun deem ze gi wat e brauch fir sech ze entwéckelen, e Bam kommunizéiert awer och duerch seng Wuerzele mat sengen Noperen, déi domat en Netzwierk aus villen Individue schafen. E Mënsch brauch Wuerzele genau esou wéi e Bam. Wat gëtt mer den Halt am Liewen, deen ech brauch, och wann et mol stiermesch ass? Wou kann ech optanken, wann ech keng Energie méi hunn? Wéi a mat weem sinn ech verbonnen? Wéi hu meng Wuerzelen Afloss op mech? A nach vill méi Froe kann een sech par Rapport zu sengen eegene Wuerzele stellen. Froen, déi e groussen Deel vun der Aarbecht mat sech selwer sinn. 

E Naturcoaching baséiert fir mech genau op deene genannte Punkten: sech traue lasszegoen an sech op onbekannte Weeër ze woen, heiansdo mat Wuerzelen, déi engem am Wee sinn, heiansdo mat Wuerzelen, déi engem Kraaft an Energie ginn, an dat ëmmer mam Zil sech weiderzeentwéckelen, woubäi Zil als de Prozess vum Weidergoe verstane gëtt.