Main Numm ass Rachel Bindels, ech sinn 1985 op d’Welt komm a géif mech selwer als onkomplizéierten, empatheschen, naturverbonnenen an heiansdo ze vill verkappte Mënsch beschreiwen.
D’Natur hat op mech nach ëmmer eng ganz besonnesch Unzéiungskraaft. Als Kand war et fir mech virun allem eng grouss Spillplaz, déi meng Kreativitéit, mäi Drang no Beweegung an Nervekitzel a meng Abenteuerloscht ugedriwwen an erfëllt huet. Mëttlerweil schenkt se mir eng Plaz, wou d’Zäit méi lues dréit, ech den Alldag hannert mer loossen, entspanen an einfach esou ka sinn, wéi et mer grad gutt deet. D’Verbonnenheet zu hier ze spieren, hëlleft mir all Kéiers nees méi bei mir unzekommen.
De Wonsch an a mat der Natur ze schaffen an dobäi och Aneren d’Wierkung vun der Natur méi no ze bréngen, huet mech schlussendlech zu enger Ausbildung als Naturcoach bruecht, déi ech am schéine Schwarzwald beim André Lorino am Wandelhaus absolvéieren duerft.
Mam „Wuerzelpad“ verwierklechen ech mäin Dram, als Naturcoach fir aner Mënschen täteg ze sinn.

