Naturcoaching

Wat ass Naturcoaching?

Eng Method en Zougang zu dengen ënnerlechen Themen ze fannen, an dat net an engem sterille Raum, mee genau do wou deng Wuerzele leien: Matzen an der Natur.

D’Natur déngt dobäi als Spigel vun dir selwer, awer och als Inspiratioun an Léiermeeschter. Op eng ganz natierlech Aart a Weis fanne Prozesser vu Beobachtung, Wandlung, Wuesstum an Erkenntnis statt. Als Naturcoach begleeden ech dech ënnerstëtzend a wäertschätzend, ginn Impulser, beobachten, si virwëlzeg, mee gi virun allem Raum fir de Prozess, deen tëschent dir an der Natur statt fënnt, voller Vertrauen, dass genau dat sech weist, wat gesi well ginn.

Du hues en Naturcoaching gebucht, du kënns op de gemeinsam festgeluechten Treffpunkt, an elo?

No engem kuerze Gespréich an deem Néidegste fir unzekommen,starte mir zesummen an d’Natur. Du wäerts ab dann däi ganz eegene Wee fannen an sou Munches begéinen, wat dech vläicht unzitt, faszinéiert, beréiert, ofschreckt, fäerten deet,… eppes an dir ausléist. Genau fir déi Erfarungen huele mer eis Zäit a kucke gemeinsam, wat dat mat dir ze dinn huet. Sou verbrénge mir eng gewëssen Zäit an a mat der Natur, mee virun allem mat dir an dengen Themen, déi dech beschäftegen.

Wéi laang en Naturcoaching dauert, kann een am Virfeld net soen. Du solls genuch Zäit aplangen an net schonn de nächsten RV am Kapp hunn. Ongeféier kann ee mat 1,5 bis 2 Stonne rechnen. Et kann deemno wéi awer och mol méi laang daueren.

Wat ass en Naturcoaching net?

En Naturcoaching ersetzt a keng medezinesch, psychotherapeutesch oder rechtlech Berodung. Als Naturcoach ass et mir net erlaabt un diagnostizéierte Stéierunge ze schaffen, mam Zil des doduerch ze heelen.

Wéi geet et nom Naturcoaching weider?

 Bei all Naturcaoching hues du d’Wiel e Gedächtnisprotokoll mat unzefroen. Dat bedeit, dass ech no dengem Naturcoaching aus menger Erënnerung eraus e Protokoll schreiwen, iwwert dat wat wärend dem Coaching gesot a gemaach ginn ass, wat ech beobachte konnt oder wat einfach passéiert an opgetaucht ass. 

Wisou bidden ech dat un?

  • Du hues d’Méiglechkeet, dech wärend dengem Naturcoaching ganz op dech an däi Prozess ze konzentréieren, kanns am Nachhinein awer ëmmer nees andauchen, nospieren a reflektéieren. Sou kënnen nei Gedanken a Gefiller an de bestoende Prozess mat agebonne ginn. 
  • Abléck, Erkenntnisser, Iddien, Entscheedunge gi festgehalen, an sou net vergiess. 
  • Du hues ëmmer nees d’Méiglechkeet zeréckzekucken an ze erkennen, wat sech säitdeem verännert huet.  
  • Du an däi Prozess si wichteg. Däin Gedächtnisprotokoll ass e ganz individuellt a perséinlecht Dokument a gëtt mat vill Wäertschätzung fir dech vu mir erstallt.

Op´s du no dengem Naturcoaching nach eng Seance drunhänke wëlls, ass ganz individuell. Heiansdo mëscht et Sënn an enger weiderer Seance nach emol däin Thema ze verdéiwen. Vu dass bei engem 1.Treffen nach alles nei an onbekannt ass, kann et sinn, dass et hei fir d’éischt emol vill em Kenneléieren, Ukommen, e Gefill dofir kréien a Vertraue schafe geet. Heiansdo brauch et déi néideg Zäit bis een sech mat deem Vertrauen opmaache kann, dat et brauch fir dass Theme mat genuch Déift beaarbecht kënne ginn. Dat ass awer ëmmer deng eegen Entscheedung.